De Projet “Professional Learning Community (PLC) fir MathemaTIC” konzentréiert sech op d’Zesummenaarbecht an d’Léieren tëschent den Enseignanten, déi dorun interesséiert sinn, MathemaTIC an hirer Praxis unzewennen. Een Haaptzil ass et d’Léierprozesser vun de Schüler besser ze verstoen a si beschtméiglech beim Opbau vu Mathematesche Kompetenzen ze ënnerstëtzen.
Firwat?
“PLC fir MathemaTIC” hëlleft Iech op eng effikass Aart a Weis an Équipen (wéi d’ “équipes pédagogiques”) zesummenzeschaffen, andeems der Iech mam innovative Programm MathemaTIC familiariséiert. Dir léiert esou an der Equipe di elementar an avancéiert Notzung vun der digitaler Léierplattform MathemaTIC kennen.
Wéi?
“PLC fir MathemaTIC” implementéiert eng nei Approche doduerch datt de Programm ausschliisslech online ugebuede gëtt. Dir kënnt Iech, jidder Zäit an no Ärem eegene Rhythmus, mat Äre KollegInnen an Ärer Schoul treffen an als Grupp un de Sessiounen deelhuelen.
Et geet dorëms mat der ganzer Équipe erauszefannen, wéi duerch dës gemeinsam Projeten eng gréisser Satisfaktioun an Äre professionellen Aktivitéite ka fonnt ginn. Dofir verfollege mir Är Participatioun mat Hëllef vun engem Fuerschungsprojet a versichen, Iech all d’Informatiounen an all Hëllef zur Verfügung ze stellen.
Entwécklung?
“PLC fir MathemaTIC” as en innovative Projet a gouf vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat der MathemaTIC Équipe an dem LISER entwéckelt. De Programm bréngt Theme wéi Fuerschung, trategië-Entwécklung an innovativ Praxis zesummen. “PLC fir MathemaTIC” gëtt vum IFEN ugebueden a gouf mat der Ënnerstëtzung vum Service DPAV vum SCRIPT entwéckelt.
Zil?
Am Programm gi Fuerschung, Strategië-Entwécklung an innovativ Praxis ugeschnidden. D’Resultater vun dëser Recherche sollen de Responsabele fir d'Schoulentwécklung hëllefen ze verstoen, wéi se d’Enseignanten am beschten ënnerstëtzen an Innovatiounen an de Schoulen ëmsetze kennen. Des weidere probéieren d’Entwéckler esou och ze verstoen, ob d’Uwennung vun digitalen Tools a Materialien dat gemeinsamt Schaffen a Léieren an de Schoule fërdert.
Fir weider Informatiounen iwwer de “PLC fir MathemaTIC” Programm, kennt Dir Iech dëse Video ukucken:
“PLC fir MathemaTIC” ass eenzegaarteg, well e speziell vu Lëtzebuerger Enseignanten a Pädagogen ausgeschafft gouf fir der berufflecher Weiderentwécklung vun den Enseignanten um Terrain entgéintzekommen.
Déi eenzel Memberen aus eiser Équipe bréngen hir eege wäertvoll Erfarungen a punkto Bedierfnesser, Erwaardungen a Limitte vun der Zesummenaarbecht a vum Léieren als Équipe an de Schoule mat an de Projet. Si bréngen sech mat hire spezifesche Kenntnisser am Beräich vun der Formatioun vu professionelle Gemeinschaften an den theoreteschen Inhalter an der Betreiung an, déi néideg si fir sech dës Kompetenzen unzëeegnen.
Am Joer 2018 hunn sech eng Réi vun Enseignanten aus verschiddene Schoule fir dëse Pilot-Projet ugemellt. Mir wëllen hinne Merci soe fir hiert Engagement an de konstruktive Feedback dee Si der Formateurs-Équipe no all Sessioun zoukomme gelooss hunn. Dank dësem Feedback konnte mir vu Sessioun zu Sessioun de Programm optimiséieren a weiderentwéckelen, fir en un d’Besoinen an Erwaardunge vun den Enseignanten unzepassen.
Hei e puer Andréck vun de Schoulen déi beim Pilot-Projet matgemaach hunn:
„“Ech si ganz zefridde mat dëser Formatioun. Mir hunn eis gutt am Grupp ameséiert, ech hunn mech am Detail mat MathemaTIC ausernee gesat, mir hunn selwer gesinn, wéi gutt mir am Grupp funktionéiere a mir hunn eng Iddi fir e Projet fir d'Zukunft. Souvill Erwaardungen hat ech mol guer net un dës Formatioun gestallt.”
(Enseignant, den um PLC fir MahtemaTIC Pilot-Projet 2018 deelgeholl huet)
“Esou eng Aart Formatioun ass produktiv an intressant well mir déi eenzel Elementer direkt op eist Ëmfeld kenne projezéieren. Donieft hu mir nei Methode kenne geleiert fir MathemaTIC, awer och aner Fächer kennen z’enseignéieren. Dofir Merci fir des Formatioun.”
„Am grousse Ganze super zefridden: eng ganz flott Aart vu FOCO, wou mir selwer d'Grupp, Zäitpunkt a Plaz definéiere fir de Cours doduerch entsteet eng ganz flott a produktiv Atmosphären tëschen de Kollegen déi matmaachen.“
„Ech benotzen de MathemaTIC méi oft an der Klass, ginn hinnen och d'Einleitungen doheem ze kucke fir dann duerno konkret kënnen drop ze schaffen. Ech tausche mech méi aus mat deenen aneren a sinn nees méi motivéiert fir gemeinsam Projeten ze starten.“
“Léierpersonal z'encouragéieren TIC an alle Formen an der Schoul ze notzen awer virun allem den Austausch an der Unterrëchtspraxis ze fërderen a nei Methoden ausprobéieren.”
„Mir hunn e flotte Grupp, de konstruktiv zesumme geschafft huet. Mir waren ëmmer op enger Wellelängt a sinn eis eens, dass mir och an Zukunft wëlle méi Projeten zesummen ausschaffen.“
“De Leit eng Iddi ginn, wéi een am Grupp konstruktiv zesumme schaffe kann an en Abléck an de MathemaTIC bidden. Dëst gouf bei eisem Grupp erreecht, souwéi och nach d'Loscht, weider méi déifgräifend mam MathemaTIC ze schaffen.”
Standuert:
Dauer:
Zilgrupp:
Organisatioun:
Bedéngungen:
Sessioun 1 (November) – Introduktioun
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 2 (Dezember) – Gemeinsam Zilsetzung
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 3 (Januar) - Kollektiv Responsabilitéit fir d’Léierverhale vun de SchülerInnen
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 4 (Februar) – Gemeinsam professionell Praxis
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 5 (Mäerz) - Kollaborativ Aktivitéit
Objektiver:
Inhalt:
Ugëeegent Kompetenzen:
Sessioun 6 (Abrëll) Reflektéierten Dialog
Objektiver:
Inhalt:
Kompetenzen:
Fir dee gréissten Notzen aus der Formatioun ze zéien, géife mer Iech roden Iech mat sou vill wéi méiglech Enseignanten aus Ärer Schoul zesummen anzeschreiwen (vun Ärem Cycle oder Cycleiwwergräifend).
Wann Dir drun interesséiert sidd, als Grupp an Ärer Schoul matzemaachen, fëllt wann ech gelift dësen Aschreiwungsformular aus.
Esoubal Dir dësen Aschreiwungsformular verschéckt, lancéiert den IFEN d’Aschreiwungsprozedur fir Är Schoul, wou Dir Iech dann individuell aschreiwe musst. Mir schécken Iech eng E-Mail op déi Adress, déi Dir am Formular uginn hutt an erklären Iech, wéini a wéi Dir Zougrëff op d’IFEN-Websäit kritt fir Iech individuell fir dës Formatioun anzeschreiwen.
Mir freeën eis drop, mat Iech zesummenzeschaffen!
Fir weider Froen oder Bemierkunge kënnt Dir eis gären eng E-Mail op folgend Adresse schreiwen: info@plc.mathematic.lu