Jacob Pucar
|
November 20, 2024
Déi 10. Oplag vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge' gouf vum 16. Oktober um 8:00 Auer bis den 18. Oktober 2023 um 16:00 Auer organiséiert.
Am Ganzen hunn 1 519 Schüler aus 242 Klasse matgemaach an insgesamt 2 290 Stonne Kapprechnunge geléist.
161 119 Stären a 107 412 Medaile goufen am Ganze gesammelt!
All Klass, déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechnen-Module bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech. D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg/ Wochen hir Cadeaue per Post.
Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:
D’Kaddoe fir d’Gewënner-Klasse sinn och verschéckt ginn a mir wënsche vill Spaass dermat.
Am 'Kapprechnen-Challenge' geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.
Dëse Challenge gouf iwwer www.MathemaTIC.lu proposéiert a war zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.
About
MathemaTIC is a personalized learning platform that is designed to make the experience of learning mathematics engaging and enjoyable for every learner.