Mathematic Logo
en
FeaturesAboutCurriculumCommunityPLCNewsTraining

Gewënner vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge'

Jacob Pucar

|

October 26, 2023

   MathleTIC Champion 20231

Déi 9. Oplag vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge' gouf vum 11. Oktober um 8:00 Auer bis den 13. Oktober 2023 um 16:00 Auer organiséiert.

Am Ganzen hunn 2 005 Schüler aus 267 Klasse matgemaach an insgesamt 2 515 Stonne Kapprechnunge geléist.

145 937 Stären a 44 572 Medaile goufen am Ganze gesammelt!

All Klass, déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechnen-Moduler bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech. D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg/Wochen hir Cadeaue per Post.

Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:

  • #1 Cycle 3: D’Klass die wilden Pandas 1.0 huet ee Score vu 15 482 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle 3: D’Klass King-Klass huet ee Score vun 13 903 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle 3: D’Klass Sonnirechner huet ee Score vun 13 600 Punkten erreecht.
  • #1 Cycle 4: D’Klass #schlau Fiiss huet ee Score vun 35 346 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle 4: D’Klass -=<[ℕǞℇℛ乙Ⓖ@ℵᏩ€尺]>=- huet ee Score vun 35 221 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle 4: D’Klass The DooDudes huet ee Score vun 35 218 Punkten erreecht.
  • #1 Voie de préparation: D’Klass Géckeg Pappnasen huet ee Score vun 17 060 Punkten erreecht.
  • #2 Voie de préparation: D’Klass Kleng Pappnasen huet ee Score vun 10 369 Punkten erreecht.
  • #3 Voie de préparation: D’Klass les clowns :) huet ee Score vun 6 165 Punkten erreecht.
  • #1 Cycle inférieur: D’Klass LESC-7C2 huet ee Score vu 35 002 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle inférieur: D’Klass LESC-7C1 huet ee Score vu 34 330 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle inférieur: D’Klass ALR-5CL1 huet ee Score vu 25 725 Punkten erreecht.

Am 'Kapprechnen-Challenge' geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.

Dësen Challenge gouf iwwer www.mathematic.lu proposéiert a war zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.

https://script.lu/en/news/2023-10/gewenner-vum-mathletic-kapprechnen-challenge

Blog

About

MathemaTIC is a personalized learning platform that is designed to make the experience of learning mathematics engaging and enjoyable for every learner.

Download Info

info@mathematic.org

Data Protection & Privacy Policy

© Vretta Inc. 2023